De Manifest – European Peace Project
Haut, um 9. Mee 2025 – genee 80 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich, bei deem 60 Millioune Leit hiert Liewe gelooss hunn, dorënner 27 Millioune Sowjetbierger, erhiewe mir, d’Biergerinnen a Bierger vun Europa, eis Stëmmen! Mir schummen eis fir eis Regierungen a fir d’EU, déi näischt aus den Erfarungen aus dem 20. Joerhonnert geléiert hunn. D’EU, déi eemol als Friddensprojet geduecht war, gouf pervertéiert an huet de wesentleche Kär vun Europa verroden! Mir, d’Bierger vun Europa, huelen dowéinst eis Geschécker an eis Geschicht selwer an d’Hand. Mir erklären d’EU als mësslongen. Mir fänke mat Bierger-Diplomatie un a refuséieren de geplangte Krich géint Russland! Mir erkennen d’Matverantwortung vum ”Westen” vun den europäesche Regierungen a vun der EU an dësem Konflikt un.
Mir, d’Bierger vun Europa, stellen eis mam European Peace Project géint déi ongenéiert Hypokrisie a géint d’Liggen, déi haut – um Europadag – op offizielle Feierlechkeeten an op ëffentleche Sender verbreet ginn.
Mir reechen de Biergerinnen a Bierger aus der Ukraine a Russland d’Hand. Dir gehéiert zur europäescher Famill a mir sinn iwwerzeegt, dass mer gemeinsam e friddlecht Zesummeliewen op eisem Kontinent organiséiere kënnen.
Mir hunn d’Biller vun den Zaldotekierfechter virun Aen – vu Wolgograd iwwer Riga bis Loutrengen. Mir gesinn déi frësch Griewer, déi dësen onsënnege Krich an der Ukraine an a Russland hannerlooss huet. Wärend déi meescht EU-Regierungen a Responsabel fir de Krich hetzen a verdrängen, wat Krich fir d’Bevëlkerung bedeit, hu mir d’Lektioun aus dem leschte Joerhonnert geléiert: Europa heescht ”Ni méi Krich!”
Mir erënneren ons un déi europäesch Leeschtunge vum Opbau vum leschte Joerhonnert an un d’Versprieche vun 1989 no der friddlecher Revolutioun. Mir fuerderen en europäesch-russescht Jugendwierk nom däitsch-franséische Jugendwierk vun 1963, wat ”d’Ierf-Feindschaft” tëscht Däitschland a Frankräich op en Enn bruecht huet. Mir fuerderen en Enn vun de Sanktiounen an den Neiopbau vun der Nord Stream II-Pipeline. Mir refuséieren, eis Steiergelder fir Oprëschtung a Militariséierung, op Käschte vum Sozialstandard a vun der Infrastruktur ze verschwenden Am Kader vun enger OSZE-Friddenskonferenz, fuerdere mir den Opbau vun enger europäescher Sécherheetsarchitektur mat an net géint Russland, wéi et an der Charta vu Paräis 1990 festgeluecht gouf. Mir fuerderen en neutralt, vun den USA emanzipéiert Europa, dat eng Vermëttler-Roll an enger multipolarer Welt unhëlt. Eist Europa ass post-kolonial a post-imperial.
Mir, d’Bierger vun Europa, erklären dëse Krich heimat fir fäerdeg! Mir maache bei de Krichsspiller net mat. Mir maachen aus eise Männer a Bouwe keng Zaldoten, aus eisen Duechtere keng Schwësteren am Lazarett an aus eise Länner keng Schluechtfelder.
Mir bidden un, direkt eng Delegatioun vun europäesche Biergerinnen a Bierger op Kiew a Moskau ze schécken, fir mam Dialog unzefänken. Mir kucken net nach méi lang no, wéi eis Zukunft an déi vun eise Kanner um Altor vun der Muechtpolitik geaffert gëtt.
Vive Europa, vive de Fridden a vive d’Fräiheet.
***